#NeiDikrich

?

Version française / English version / versâo portuguesa

Veuillez trouver l'article « #NeiDikrich » dans toutes les langues [LU/FR/EN/PT] dans la brochure ci-dessous.

#NeiDikrich zesumme plangen - Eis nei Groussgaass matbestëmmen! (25. Abrëll - 25. Juni 2024)

Eise Stadkär ass e wichtigen Deel vun eisem Liewen. Hei verbrénge mir vill Zäit mat Schaffen, Akafen, en Tour trëppelen, mat Frënn a Bekannten e bësse poteren, e Patt drénken an e Maufel iessen … a virun allem, mat Liewen.

Nei Gewunnechte fir anzekafen a sech ze beweegen, souwéi aner Ver­ännerunge stellen eis virun nei Erausfuerderungen, déi verlaangen, dass mir eis upassen.

De Kanal, d’Waasser an d’Elektrisch am ganze Stadzentrum mussen erneiert ginn, do komme mir net derlaanscht. Dofir hu mir zesumme mat eiser Administratioun an eise Servicer decidéiert eise Stadkär nohalteg opzewäerten. Mir wëllen eis Alstad ënner an iwwer dem Buedem moderniséieren a fir d’Zukunft fit maachen.

Zesumme mat Iech!

Mir wëllen eise Stadkär nei erfannen an zu enger Plaz maachen, déi Ären Uspréch a Wënsch gerecht gëtt. Sidd Deel vun dëser Initiativ an hëlleft eis Stad matgestalten.

Är Meenung zielt!

Zesumme schafe mir eng lieweg an dynamesch Stad, an där all eis Bierger eng Stëmm hunn.

Dofir invitéiere mir Iech heimat häerz­lech aktiv bei der Erneierung vun eisem Stadkär matzewierken. An dëser Brochure kritt Dir en Iwwerbléck iwwer déi eenzel Etappe vum Bedeelegungs­prozess an Informatioune wéi Dir Iech abrénge kënnt.

Loosst eis eise Stadkär nei erfannen! Zesummen!

 


De Schäfferot
Charles Weiler, Buergermeeschter
José Lopes Gonçalves, Schäffen
Paul Bonert, Schäffen


Wéi kann ech mech bedeelegen?

Mir wäerten an den nächste Woche verschidde Méiglechkeeten a Bedeelegungsformater ubidden, wou mir dech alueden, eis deng Iddie fir d’Zukunft vum Zentrum Dikrech matzedeelen an dës aktiv matzegestalten. Et geet eis dobäi ëm all Themen, déi Liewen, Wunnen, Fortbeweegen, Schaffen an Erhuelen am Stadzentrum vun Dikrech betreffen.

D’Bedeelegungsformater fannen dobäi zu verschiddenen Zäiten, op verschiddene Plazen an zum Deel online statt. Mir wëllen domadder méiglechst ville Mënsche méiglech maachen, um Bedeelegungsprozess deelzehuelen.

An den nächste Woche wäerte mir follgend Bedeelegungsformater ubidden:

  • Online-Ëmfro
  • Quartierstouren
  • Partizipativ Bedeelegungsformater

De Bedeelegungs- an Dialogprozess gëtt mat engem Informatiounsowend Donneschdes, de 25.04.2024 ageleet op deem all Formater detailléiert vir­gestallt ginn.

De Prozess gëtt mat enger Virstellung vun de Resultater um Enn vum Joer ofgeschloss, bei deem d’Resultater vun der Bedeelegung dem Public presentéiert ginn. Dës Resultater sinn d’Basis fir déi nächst Schrëtt vun der Opwäertung vum Stadkär.


Brochure #NeiDikrich zesumme plangen - Eis nei Groussgaass matbestëmmen [LU/FR/EN/PT]

Online Ëmfro / Enquête en ligne / Online survey / Inquérito "online" [LU/FR/DE/EN/PT]

Nächst Veranstaltungen


Ce site utilise des cookies. En continuant la navigation sur le site de la Ville de Diekirch vous acceptez notre politique concernant l’usage des cookies. Pour gérer vos préférences et en savoir plus sur les cookies, veuillez lire notre Notice Légale