06 Septembre 2022

Hey! - Lokal Antennen vum Service national de jeunesse (SNJ)

Fann déi Projeten, déi dech am aktive Liewe virubréngen. Looss dech vun eise Mataarbechter iwwerall am Land beroden an ënnerstëtzen.

Hey! Du hues tëscht 15 an 30 Joer a weess am Moment net wierklech, wéi s du dir eng berufflech an/oder schoulesch Zukunft virstells oder bass onsécher, ob däin aktuelle Wee de richtege fir dech ass?

Keng Panik! Op hey.snj.lu an an de lokalen Antennen vum Service national de la jeunesse (SNJ) kanns du vun enger individueller Berodung an Ënnerstëtzung bei denger Orientéierung profitéieren. Mir begleeden an ënnerstëtzen dech beim Ausschaffe vun denge berufflechen, schouleschen a perséinleche Projeten an du kanns u verschiddenen Offeren deelhuelen, déi dir hëllefen deng Stäerkten kennen ze léieren a weider auszebauen.

No beim Jonken

Mir sinn do fir dech ze beroden a mir proposéieren dir:

  • e Bilan vun denger perséinlecher Situatioun;
  • eng Analys vun dengem schouleschen a professionellen Niveau;
  • mir zéien deng Liewensëmstänn a Betruecht;
  • wann néideg, en Dialog mat dengen Elteren oder Tuteuren;
  • wann néideg, brénge mir dech a Kontakt mat aneren Hëllefsservicer;
  • Informatiounen iwwer méiglech Optiounen.

An eisen Antennen kënne mir och zesummen un dengem perséinleche Projet schaffen fir zeréck an d’Aktivitéit. Mir bidden dir Folgendes un:

  • d’Ausschaffe vun dengem perséinleche Projet, wann s du zeréck an d’Schoul oder op den Aarbechtsmaart gees;
  • eng Léisung fir Inaktivitéit ze vermeiden, wann s du net direkt kanns zeréck an d’Schoul oder op d’Aarbecht goen;
  • d’Ausschaffe vun engem individuellen Aktiounsplang;
  • eng Begleedung fir deng Demarchë bei de Verwaltungen, de Lycéeën an all aner Servicer, déi dir kënnen hëllefen;
  • Rotschléi, wéi s du dech solls op denger neier Aarbechtsplaz oder an denger neier Schoul verhalen;
  • déi selwecht Persoun, déi dech wärend dem ganzen Iwwergang bis zu denger Integratioun an enger neier Struktur begleet.
?

Hey! SNJ

Den SNJ bitt fir Jonker Fräiwëllegendéngscht, Atelieren, Stagen, Formatiounen a villes méi un. Fannt all hir Servicer ënnert dësem Link.

Ce site utilise des cookies. En continuant la navigation sur le site de la Ville de Diekirch vous acceptez notre politique concernant l’usage des cookies. Pour gérer vos préférences et en savoir plus sur les cookies, veuillez lire notre Notice Légale