07
Mar 2020
07
Mar 2020

Kachconcours vun der Nordstadjugend

entre 15:00 et 23:00
Di nächst Editioun vun eisem Kachconcours steet virun der Diir. Mir freeën eis op e flotten Mëtten mat Iech zesummen.

 

Fir dëst Joer, hun eis Käch sech nees eppes extraes afaale gelooss. Mir maachen eng Kombinatioun aus all deene viireschten Editiounen. Dat heescht:

 

  • d’Entrée ass eppes wat dir einfach nokache musst (d’Rezept kritt Dir surplace),


 


  • den Haaptplat ass nees e Wuerekuerf, deen dir am Firfeld zu engem Menü sollt zesummesetzen a probéieren, fir en dann den Dag selwer fir eis Jury ze kachen.


 


  • Den Dessert ass eng Kombinatioun vun deenen 2; dir kritt en Deel vun de Saachen, déi zur Verfügung sti gesot, am viraus, an en Deel vu Saachen gi réicht den Dag selwer verrooden.


 

Wéi all Joer wier et flott, wann dir är eege Messere géif matbréngen. De Rescht ass alles do.

 

Opgepasst. D'Plaze fir matzemaachen sinn op 10 limitéiert. Mellt Iech wegl   sou séier et geet bei eis un.  mir reservéieren dëst Joer och keng Plazen. 

 





TIME TABLE

14.00 Ukomme vun den Equipen



14.30 Wëllkommenswuert, Erkläre vun de Reegelen, Opdeelen an di verschidde Kichen



15.00 Ufank vum Concours



16.30 Paus



17.00 2ten Deel vum Concours



19.00 Zervéieren vun der Entrée



19.30 Zervéieren vum Haaptplat



20.30 Zervéieren vum Dessert



21.00 Präissiwwerreechung
Ecole d'Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg
19 rue Joseph Merten
L-9257 DIEKIRCH
Ce site utilise des cookies. En continuant la navigation sur le site de la Ville de Diekirch vous acceptez notre politique concernant l’usage des cookies. Pour gérer vos préférences et en savoir plus sur les cookies, veuillez lire notre Notice Légale