07
Mar 2020
07
Mar 2020

Concert Chorale Municipale Saengerbond Diekrich

Concert - Di 4 Joereszäiten

à 21:00


De Programm ënnert dem Thema „DI 4 JOERESZÄITEN“ setzt sech zesummen aus Extraiten aus „Die Jahreszeiten” fir Chouer a Solisten vum JOSEPH HAYDN an e puer moderne Stécker.



Den Haydn gouf zur Kompositioun vun de Jahreszeiten duerch de groussen Erfolleg vu sengem Oratorio „Die Schöpfung“ animéiert. D’Kompositioun vum Wierk un dem hie zwee Joer geschafft huet, war net einfach. Mee d’Resultat ka sech weisen a lauschtere loossen. D’Kompositioun ass oft illustrativ an d‘Bildhaftigkeet vun der Musek kennt mat subtilen ewéi derben Pointen akkurat zum Droen, sou héiert een d’Natur, d’Liewen vun de Leit a souguer de Sonnenopgank.



Ënnerstëtzt gëtt all Joreszäit mat engem passende moderne Stéck. Sou zum Beispill ACROSS THE VAST ETERNAL SKY an THE ROSE vum OLA GJEILO, een norwegesche Komponist a Pianist, dee schonns improviséiert huet, iert en iwwerhaapt liese konnt an am Alter vu 7 Joer well Jazz, klassesche Piano a Kompositioun studéiert huet. Seng Kompositiounen si beaflosst vu Klassik, Jazz, Volleks- a Popmusek.



De Sängerbond Dikrich baut eng flott musikalesch Bréck zwësche Klassik a Modern a sou fënnt een um Programm och FIELDS OF GOLD vum Sting a CALIFORNIA DREAMING vum John & Michelle Philipps.



D‘Solistenpartien an de “Jahreszeiten” iwwerhuelen d‘Gaby Wolter-Boever (Sopran), de Marc Dostert (Tenor) an de Carlo Migy (Bass). Begleed gëtt den Dikricher Sängerbond vum Jos Majerus um Piano an engem Sträichquartett deen sech zesumme setzt aus Solomia Storozhynska (1. Gei), Yanis Grisó (2. Gei), Hannah Elgas (Braatsch) an Yves Tordy (Cello). Dat Ganzt steet ënnert der Leedung vum Andy Loor.



Den Entrée zu DIKRICH ass fräi (Quête nom Concert).

 
Eglise St Laurent de Diekirch
Passage Saint Laurent
L-9210 DIEKIRCH
Ce site utilise des cookies. En continuant la navigation sur le site de la Ville de Diekirch vous acceptez notre politique concernant l’usage des cookies. Pour gérer vos préférences et en savoir plus sur les cookies, veuillez lire notre Notice Légale