24
Mar 2020
24
Mar 2020

Roland Meyer: Glous

eng politesch total onkorrekt literaresch-kabarettistesch Liesung

entre 20:30 et 22:00
“Fréier war alles besser”, gëtt ëmmer nees gesot, dobäi war villes gutt wat hätt kënne besser sinn a villes war schlecht, well mir et net besser woussten. Et war eben anescht!

“Glous” ass eng kabarettistesch Liesung aus enger Zäit ouni Handy a Computer, ouni  Kreditkaart a Greta, dofir iewer mat Fräiheet a Gréisst.

De Roland Meyer mécht sech mat vill hannerhältegem Humouer an onerwaartem Sproochwitz op d’Sich no enger verluerener Zäit, woubäi hien net ëmmer sécher ass, ob en net just nach ee poléiert Spigelbild dovun erbléckst an ob en se och wierklech erëmfanne wëllt.

An trotzdem gloust et nach an eis bannenan, an eis all.

Eng politesch total onkorrekt literaresch-kabarettistesch Liesung vun a mam Roland Meyer

 
Ettelbrécker Bibliothéik
9 place de la Libération
L-9060 ETTELBRUCK
Ce site utilise des cookies. En continuant la navigation sur le site de la Ville de Diekirch vous acceptez notre politique concernant l’usage des cookies. Pour gérer vos préférences et en savoir plus sur les cookies, veuillez lire notre Notice Légale