03
Mar 2020
03
Mar 2020

Oliver Kayser: Mam Lakert op der Rees

entre 20:30 et 22:00
Wie waren d'Lakerten? Wat ass iwwerhaapt Jéinesch? Ginn et haut nach Lakerten? All déi Froe ginn an engem interaktiven a flotte Virtrag beäntwert, an den Zuschauer entdeckt eng Welt déi onbekannt, geheimnisvoll an immens lieweg ass... Net nëmmen hei zu Lëtzebuerg fënnt ee Jéinescher, mee a ganz Europa sinn si doheem. Hir Kultur a Liewensweis ass gepräägt vun der Natur, der Rees, de Päerd, dem Handel, dem Handwierk an hirer Musek. Awer de wichtegsten Deel vun hirer Kultur ass déi Jéinesch Sprooch. Eng Sprooch déi vill ze dacks mat Klischeeë behaangen ass.

Den Oliver Kayser staamt aus enger traditioneller Jéinescher Famill a setzt sech a fir d'Kultur vun de Lakerten. Mat ville Fotoen, Anekdoten aus der Communautéit a vun der Famill an natierlech mat Musek gëtt dëse Virtrag ofgerënnt. Kommt mat op

d'Rees zu engem Stéck nach liewege Patrimoine.

 
Ettelbrécker Bibliothéik
9 place de la Libération
L-9060 ETTELBRUCK
Ce site utilise des cookies. En continuant la navigation sur le site de la Ville de Diekirch vous acceptez notre politique concernant l’usage des cookies. Pour gérer vos préférences et en savoir plus sur les cookies, veuillez lire notre Notice Légale