07
Déc 2019
- Commune de Diekirch
- Agenda
- KEEN DOHEEM
07
Déc 2019
Déc 2019
KEEN DOHEEM
Neie Comedy-Programm vun Tri2Pattes
entre 21:00 et 23:30
presentéiert den Ensemble Tri2Pattes
hire neien Comedy-Programm KEEN DOHEEM
Do wou eng Zäitche keen doheem ass, sinn d'Mais op emol Här a Meeschter. A bekannterweis verkommen net nëmmen d'Gebaier, wa se net bewunnt sinn ! Och mir komme séier op den Hond, iwwerall do wou mir d'Kontroll verléieren. Wat sinn dat dach fir skurril Situatiounen, déi mir am Alldag erliewen, wann déi neuronal Schaltzentral duerch iergendeppes ausser Betrib geréit.
A genee aus sou Beobachtungen a perséinlechen Erfarungen eraus huet Tri2Pattes erëm e fonkelneie Comedy-Programm zesummegesponnen. Dobäi bleiwe si sech ganz trei mat engem ganz eegene Mix vu Sketcher, Standup, Clownerie, Musek a villem méi.
Et sief och dorun erënnert, dat Tri2Pattes de Bénéfice vun hirer Tournée och des Kéier érëm integral un d'Associatioun "EBS Luxembourg" spent, fir domat de Bau vu Schoulen an defavoriséierte Géigenden vum Senegal ze ënnerstëtzen.
Hôtel de Ville Ettelbruck - Salle des fêtes
Prix d'entrée
Entrée20.00 €