31
Oct 2019
31
Oct 2019

Halloween Smugglers Inn 2019

The scariest day of the Year

entre 20:00 et 04:00
Gläich ass et erëm souwäit!

Zäit fir Gesichter an den Kürbis ze schlitzen, Horror Filmer à go-go ze kucken an sech een spooky Kostüm fir déi legendär Halloween-Party den 31.Oktober an der „Villa Basstein“ auszedenken!



Fir iech an déi richteg Stëmmung ze bréngen, riichten mir och erëm dëst Joer een Mega-Horror-Labyrinth op. Iech erwaarden déi opreegensten 120m déi dir zu Lëtzebuerg jee erlieft hutt. Wärend ganzer 3 Wochen kennt dir en Tour duerch „Terribletown“ zu Diekrech maachen kommen.



Lescht Joer hunn sech em déi 500 Visiteuren getraut kucken ze kommen…déi eng hunn sech méi erféiert wéi déi aner, sou muncher hunn vun Schreck gekrasch an dunn awer gelaacht, anerer sinn souguer op mysteriéis Aart an Weis verschwonnen...nee klengen Witz -se sinn duerch déi haapt Dier gaangen well se sech net duecht Labyrinth getraut hunn.



Verpasst also net dëst Joer laanscht ze kommen an är eegen Horror-Labyrinth Erfarung ze maachen.



Music by dj Paul

Tickets @ the bar
Smugglers Inn
route de Gilsdorf
L-9370 DIEKIRCH

Prix d'entrée

Virverkauf6.00 €
Owendcaise9.00 €
Ce site utilise des cookies. En continuant la navigation sur le site de la Ville de Diekirch vous acceptez notre politique concernant l’usage des cookies. Pour gérer vos préférences et en savoir plus sur les cookies, veuillez lire notre Notice Légale