20
Oct 2019
20
Oct 2019

En Haus wéi en Haus

Uert: Eidelt Mierschenhaus zu Ettelbreck

entre 19:00 et 20:00
D'KënschtlerInne vu Maskénada, zesumme mat der Auteure Elise Schmit, Laureatin vum 'Servais' Literaturpräis 2019, de Partner vun Hydre Editions, Coopérations Wiltz, der Stad Ettelbréck an dem Ettelbruck City Tourist Office lueden de Publikum op eng kulturell Rees zu Ettelbréck an.



« En Haus wéi en Haus »

Uert: Eidelt Mierschenhaus zu Ettelbreck





"Et ass just en Haus. Du hues zoufälleg emol hei gewunnt. Souvill wëll dat net heeschen."

"Et ass mäin Doheem."



Dräi Gesëschter treffen sech nom Doud vun hirer Mamm, fir dat Haus ze verkafen, an deem si opgewuess sinn. Si hunn sech eng Zäit net gesinn, mee déi al Dynamik tëschent hinnen ass direkt nees präsent. Do ass deen, deen sech fir alles verantwortlech fillt, deem, deen esou mécht, wéi wann him alles egal wär, an deen, deen sech ëmmer schonn e wéineg zeréckgesat gefillt huet, well e méi jonk ass wéi déi aner. Des Dynamik spillt och do, wou et drëm geet, fir de Wäert vum Haus festzeleeën – am emotionale wéi am finanzielle Sënn. An all Raum vun deem delabréierten Haus begéinen déi Dräi Spure vun deem, wat dat Haus emol fir si bedeit huet. Si gi mat all Schrëtt duerch de Gank, d’Kichen, d’Stuff an d’Kummeren zeréckgehäit a Momenter vun hirer Kandheet a Jugend, déi si geprägt hunn. Si fannen awer och Spure vun engem méi rezente Gebrauch vum Haus, vun deem si nach näischt woussten.



„En Haus wéi en Haus“ beschäftegt sech mat Raum a szenischer Performance an engem verloossenen Eefamiljenhaus zu Ettelbréck. Eng Parallelwelt an där et drems geet weini däint mäint, a weini mäint mäint ass.



Wéi geet ee mat enger gedeelter Ierfschaft em? Wat bleift vun deem fréieren Zesummen- a Laanschteneeliewen, wann déi Plaz verschwënnt? Wat kascht d’Erënnerung? Wéini ass en Haus just en Haus – a wéini ass et een Doheem?



Dauer: ca. 50 Minutten



Treffpunkt: Virum CAPE, Place Marie-Adelaïde, 15 Minutten virun der Viirstellung



Präiss: all you can give



Reservatioun erfuerderlech um [email protected] oder T: 27489382 / limitéiert Plazen



Mat der Ennerstëtzung vun

Ministère de la Culture, Fondation Indépendance, Oeuvre Nationale de Secours Grande Duchesse Charlotte, Coopérations, Ville d'Ettelbruck, Ettelbruck City Tourist Office, Ville de Luxembourg.



 
CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
1 place Marie-Adélaïde
L-9063 ETTELBRUCK
Ce site utilise des cookies. En continuant la navigation sur le site de la Ville de Diekirch vous acceptez notre politique concernant l’usage des cookies. Pour gérer vos préférences et en savoir plus sur les cookies, veuillez lire notre Notice Légale