31
Août 2019
31
Août 2019

"Doughboys zu Lëtzebuerg"

The first American Liberation 1918

entre 12:30 et 13:30

D’Befreiung vu Lëtzebuerg duerch d’U.S. Army am September 1944 ass omnipräsent an der Lëtzebuergescher Erënnerungskultur. Manner bekannt bleift dogéint déi éischt Liberatioun vum Grand-Duché duerch amerikanesch Zaldote – déi vun 1918. No véier Joer Occupatioun hunn déi däitsch Truppe Lëtzebuerg nom Armistice vum 11. November 1918 verloosse mussen. No hirem Réckzuch sinn dunn d’Arméie vun der Entente nogeréckt. D’Zaldote vun den American Expeditionary Forces (A.E.F.) goufen doduercher als éischt vun der lëtzebuerger Populatioun als Befreier empfaangen. Zwou Infanterie-Divisiounen (déi 33. an déi 5.) sollten am Endeffekt en verlängerten Openthalt am Grand-Duché hunn, dëst verbonne mat hirer Missioun, d’Versuergungslinne vun der néi gegrënnter Army of Occupation an Däitschland ze halen. Dës Ausstellung zielt d’Geschicht vun den amerikaneschen Zaldoten zu Lëtzebuerg an vun hierem Zesummeliewe mat de Lëtzebuerger.



 


Musée National d'Histoire Militaire
10 Bamertal
L-9209 DIEKIRCH

Prix d'entrée

Adultes5.00 €
Enfants à partir de 10 ans3.00 €
Ce site utilise des cookies. En continuant la navigation sur le site de la Ville de Diekirch vous acceptez notre politique concernant l’usage des cookies. Pour gérer vos préférences et en savoir plus sur les cookies, veuillez lire notre Notice Légale