08 Avril 2021

myenergy Luxembourg - Clever fueren

Am Kader vun Neistart Lëtzebuerg a fir d’Ziler vum nationalen Energie- a Klimaplang z’erreechen, huet d’Regierung d’Primme fir emissiounsfräi an emissiounsaarm Gefierer bis Enn Mäerz 2022* verlängert.
(*ënner Virbehalt vum Ofschloss vum legislative Prozess)

Déi nei Primme gëlle vum 1. Abrëll 2021 bis den 31 Mäerz 2022*:

  • Bis zu 600 € fir e Vëlo oder e Pedelec 25
  • Bis zu 1.000 € fir en neit 100 % elektrescht Gefier (liicht-Kategorie : Véierrad, Zweerad, Zweerad (125 cm3) a Moped (Scooter a Pedelec45))
  • NEI ! Bis zu 8.000 € fir en neien 100 % elektreschen Auto ≤ 18 kWh/100 km
  • NEI ! Bis zu 3.000 € fir en neien 100 % elektreschen Auto > 18 kWh/100 km
  • NEI ! Bis zu 8.000 € fir en neien 100 % elektresche Familljenauto.
    Den Auto muss mindestens 7 Sëtzplaze hunn, inkl. dem Chauffer, an de Stot muss aus mindestens 5 Persoune bestoen
  • Bis zu 8.000 € fir eng nei 100 % elektresch Camionnette
  • Bis zu 8.000 € fir e neie mat Hydrogène bedriwwenen Auto / Camionnette
  • Bis zu 1.500 € fir Plug-In-Hybrid-Gefierer. Hei sinn d’Aiden just bis den 31. Dezember 2021 verlängert ginn.

All d’Konditiounen heizou fannt Dir op cleverfueren.lu.

Ce site utilise des cookies. En continuant la navigation sur le site de la Ville de Diekirch vous acceptez notre politique concernant l’usage des cookies. Pour gérer vos préférences et en savoir plus sur les cookies, veuillez lire notre Notice Légale